1-2-3 lass - Fir den einfachen Astig

Dir fannt weiderhin de Programm-Classeur an di verschidde Billerkaarten ënnert PDF-Form op dëser Internet-Säit. 

Zousätzlech hei um Site:  Den Erklärungsvideo fir de schnellen Astig an de Programm, esou wéi kuerz Filmsequenze mat Spillvarianten zu den Aktivitéiten am Classeur.

Fir weider Froe kënnt Dir gären op dKontakt-Rubrik ganz ënnen op der Säit zréckgräifen.

Vill Freed mam Programm!

 
Phonologesch Bewosstheet mam Sila

Am Cycle 1 erlaabt de Programm ‘Phonologesch Bewosstheet mam Sila’, d’Kanner iwwer d’Lauschteren, de Reim an d’Silb lues a lues och un den Ulaut an de Laut am geschwate Wuert erunzeféieren.

Fir déi spilleresch Ëmsetzung an der Klass gëtt de Programm-Classeur duerch eng Rei Zousazmaterialien ergänzt:

  • d‘Sila-Handpopp

  • déi grousse Billerkaarten

  • déi kleng Spillkaarten

  • déi 6 grouss Holzbuschtawen

  • zesumme mat der App ‚Lauschterwee mam Sila‘

 

 

Wat wëllt Dir wëssen?

Programm

 
Wat heescht 'Phonologesch Bewosstheet' ?

1-2-3 lass - Fir den einfachen Astig an de Sila-Programm

Wou am Classeur ufänke mat liesen? Wéini wéi eng Aktivitéit ëmsetzen? ... Hei éischt Äntwerten fir en einfachen Astig an de Sila-Programm

 

INFO: Eng Rei Klasse fänken no der Novembervakanz mam Programm un, fir esou méi Flexibilitéit an der Zäitorganisatioun ze hunn. 

 

1-2-3 lass - Fir den einfachen Astig an all Heft

Di kuerz Filmsequenzen zu de Lauschterspiller, Reimspiller, Silbespiller, Ulaut- a Lautspiller sinn direkt hei ënnert dem passenden Onglet ze fannen.

FILM - Heft 1 Lauschterspiller

Am Alldag ass d’Sprooch oft mat enger visueller Informatioun verbonnen. Fir lues a lues an dat geschwatent Wuert eranzelauschteren an domat ze spillen, ass et wichteg, sech op d’Lauschteren ze konzentréieren. Dëst ass och eng wäertvoll Ausgangsbasis fir d‘Schreiweléieren. 

FILM - Heft 2 Reimspiller

De Reim huet seng fest Plaz am Lidd an am Gedicht. Besonnesch am Cycle 1 begeeschtert a faszinéiert en d‘Kanner. Soumat bitt de Reim eng flott Aart a Weis, fir eng éischte Kéier mam Kand an d’Wuert eranzelauschteren. De Reim spillt och eng gewësse Roll beim Liesen- a Schreiweléieren: Wierder, déi hannen d’nämmlecht kléngen, ginn dacks (wann och net ëmmer) d’selwecht geschriwwen.

FILM - Heft 3 Silbespiller
D’Sensibilitéit fir d’Silb bereet op d’Sensibilitéit fir de Laut vir. Dës spillt hirersäits eng wichteg Roll beim Liesen- a Schreiweléieren. D’Silb ass méi einfach aus dem geschwate Wuert erauszehéiere wéi de Laut. Am Géigesaz zum eenzele Laut gëtt d’Silb staark vum Rhythmus vun der Sprooch gepräägt. Beim rhythmeschen Ofzielen oder beim Sange gëtt zum Beispill ganz spontan a Silbe strukturéiert.

FILM - Heft 4 Ulautspiller: éischte Kontakt mam Ulaut, Laut a Buschtaf


An dësem Heft steet den éischte spilleresche Kontakt mam Ulaut, Laut a Buschtaf am Mëttelpunkt. Nom Erfuersche vun der Schrëft am Alldag gi 6 beispillhaft Buschtawen an d’Fërderaktivitéiten integréiert. E groussen Deel dovu gëllt den Ulautspiller. Zum Schluss kommen dann éischt Lautspiller drun. Hei kënnt d’Sila als groussen Expert an der Roboter-Laut-Sprooch (S-i-l-a) zum Asaz. Mam Errode vun de Wierder, déi d’Sila an der Roboter-Laut-Sprooch seet, mécht d’Kand, op eng spilleresch Aart a Weis, en éischte Schrëtt a Richtung Laut-Synthees. Dës spillt dono beim Lieseléieren eng Roll.

FILM - Heft 5 Ulaut- a Lautspiller: Verdéiwungsaktivitéite

Am Heft 5 sinn d’Verdéiwungsaktivitéiten zum Ulaut, Laut a Buschtaf fir d’Kanner ab dem Cycle 1.2 beschriwwen. Duerch d‘Spille mat der Roboter-Laut-Sprooch huet d’Kand en éischte Kontakt mat der Analys vum Wuert a sengen eenzele Lauter. Am Cycle 2 ass dëst dann Deel vum Schreifléierprozess.

Konferenz 21/10/2021

 

 

Konferenz 8/10/2020
 

 

Material

Säit Juli 2021 ass d'Sila-Material um 'Bon de Commande' ze fannen a kann elo via de Schoulpresident/d'Schoulpresidentin oder via den 'Service Enseignement' vun der Gemeng bestallt ginn. De 'Bon de Commande' ass ze fannen um  https://men.public.lu/de/publications/enseignement-fondamental/informations-generales/bon-commande-mat-didactique.html .

Programm-Classeur

De Classeur ass d’Kärstéck vum Programm. Zesumme  mat den Zousazerklärunge sinn am Classeur d‘Aktivitéiten zu all Programm-Unitéit beschriwwen.

Roboter-Musek
Sila-Roboter-Danz-Musek

Am Heft 3 (rout) stinn d'Silben an d'Sila-Silbe-Sprooch am Mëttelpunkt. D’Silb gëtt staark vum Rhythmus vun der Sprooch gepräägt. Beim rhythmeschen Ofzielen oder beim Sange gëtt zum Beispill ganz spontan a Silbe strukturéiert. Fir sech an de Rhythmus vun der Si-la-Sil-be-Sprooch eranzespiere, ka mam Roboter-Danz am Rhythmus vun der Sila-Roboter-Danz-Musek ugefaang ginn.  

Wéi? Wou? Wat? 555 Billerkaarte fir d'Sproochfërderung
555 Biller

Hei, fir erofzelueden, di 555 Biller aus der Billerkëscht Wéi? Wou? Wat? 555 méisproocheg Billerkaarte fir d’Sproochfërderung (SCRIPT, 2018). Dës Biller erlaben Iech, fir zousätzlech zum bestoende Sila-Material, selwer dat Material fir Är Klass z'erstellen, wat passt (Wuertschaz, Themeschwéierpunkt, Schwieregkeet). Dëst Material ka ganz vilfälteg Formen unhuelen, wéi z.B. Spiller, Spillkaarten, Pechbiller, Fichen a villes méi.  

Klick fir de LINK
Sila-Handpopp

D'Sila an di 5 Programm-Unitéiten

D’Sila-Handpopp féiert mat hire fënnef opgebitzte Programm-Knäppercher spilleresch duerch déi fënnef Programm-Unitéiten.
Am Ufank vun all Unitéit steet e klengen Aféierungsdialog vum Sila fir d’Kanner.

D'Sila a seng Programmknäppercher
Klick fir de FILM 
Sila an der Klass 3
Sila-Handpopp

D'Sila an der Klass

Wéi d’Sila an der Klass an am Dialog mat de Kanner lues a lues eng kleng Perséinlechkeet ka ginn, weist d’Carine Kayser an dëser Filmsequenz mam Sila a mam Ricki.

Klick fir de FILM

Grouss Billerkaarten a kleng Spillkaarten

Fir dat differenzéiert Schaffen am Cycle 1 an am Cycle 2 kënnen déi grouss Billerkaarten an di kleng Spillkaarten esouwuel op Lëtzebuergesch wéi op Däitsch agesat ginn. Di passend Wierder dozou ginn an de Wuertlëschten opgefouert.

Di grouss Billerkaarten erlaben, d‘Aktivitéiten aus dem Programm-Classeur ze illustréieren.
Passend zu all Programm-Unitéit gëtt et di kleng Spillkaarte fir d’Spill am klenge Grupp.

Bei der Ofschloss-Unitéit zum Laut am Wuert gëtt et di giel Laut- a Buschtaf-Plättercher fir d’Kanner ab dem Cycle 1.2.

 

App

Lauschterwee mam Sila

D’App ‚Lauschterwee mam Sila‘ bitt eng weider Méiglechkeet fir d’Verdéiwung an d’Differenzéierung vun de Programminhalter am Zweeër-Grupp oder an der Eenzelaktivitéit. Fir de fléissenden Iwwergang z‘ënnerstëtze, kann d‘App am Cycle 1 op Lëtzebuergesch an am Cycle 2 op Däitsch (mat iwwerschafften Audioen ab der Rentrée 2023/24) oder op Franséisch gespillt ginn. Weider kann d'App mat oder ouni Biller agesat ginn. Dës verschidde Spillvariante kënnen ënne lenks op der Säit (wéi um Bild hei ze gesinn) iwwert de Sprooche-Butten (passend Fändelen) oder de Biller-Butten (Bild mat Bierg a Sonn) gewielt ginn. 

 

 

WICHTEG - technesche Support: Bei iOS Geräter (iPad, iPhone) maacht w.e.g. en Update op mindestens d'Versioun 15.3.1. Fir all Réckmeldung oder Hëllefsstellung bei technesche Froen went Iech u Profax ( info@profax.ch oder tel: +41 44 500 60 10 / vun 9:30-12:00 an 13:30-17:00 Auer). Fir all Fro zum Inhalt, wielt einfach de Kontaktformular direkt hei ënnen op der Internet-Säit.     

ErklärUNGSvideoErklärungsdokument

Login fir d'Internet-Applikatioun
 

Heefeg gestallte Froen

Mat engem grousse Merci fir déi vill interessant a motivéierend Réckmeldungen !

Material

Wéi kann ech d’Sila-Material bestellen?

Säit Juli 2021 ass d'Sila-Material um 'Bon de Commande' ze fannen a kann elo via de Schoulpresident/d'Schoulpresidentin oder via den 'Service Enseignement' vun der Gemeng bestallt ginn. De 'Bon de Commande' ass ze fannen um MENJE https://men.public.lu/de/publications/enseignement-fondamental/informations-generales/bon-commande-mat-didactique.html .

Wéi ee Material ass beim Programm-Material dobäi?

Hei di verschidde Materialien:

  • De Programm-Classeur mat de grousse Billerkaarten
    (och am PDF-Format um Internetsite)
  • Déi kleng Spillkaarten (Reimspiller, Silbespiller, Ulautspiller a Lautspiller)
    (och am PDF-Format um Internetsite)
  • D‘Laut-Plättercher an d‘Buschtaf-Plättercher
    (och am PDF-Format um Internetsite. Hei fannt Dir och zousätzlech eng Mila-Versioun fir d‘Buschtaf-Plättercher)
  • Di 7 hëlzen Erfarungsbuschtawen (M A R S L I & Mila-I)
  • D’Sila-Handpopp
Huet d’Sila och eng Geschicht ?

Am Ufank vun all Unitéit vum Classeur ass e klengen Dialog virgesinn, wou d’Sila di kommend Unitéit bei de Kanner aféiert. Wien d’Sila bei Iech an der Klass duerstellt, dat ass sécher eng Geschicht, déi sech tëschent Iech an de Kanner iwwert d‘Joren entwéckelt.

D’Sila oder de Sila? Wien ass d’Sila? Wou kënnt et hier, wou geet et hin?

Den Olaf Möller réit a sengem Buch ‚Große Handpuppen ins Spiel bringen‘ de Charakter an d’Geschicht vun der Handpopp oppen ze halen. Villäicht huet d’Sila e puer Eegenschaften a Virléiften: Esou ass d‘Sila zimmlech stolz op seng faarweg Knäppercher op sengem Bauch an dorop, dass et scho fënnef Roboter-Sprooche kann. Mat dëse Sproochen hëlleft d’Sila och ëmmer gäre weider. Dofir huet d’Sila e ganz grousst rout Häerz. Villäicht ass d’Sila e bësse këddeleg, wann e Kand oder den Erwuessenen op ee vu senge Knäppercher dréckt. Villäicht héiert d’Sila mat senger Antenn extra gutt, an huet duerfir guer net gäre Kaméidi. Den Olaf Möller recommandéiert awer, dass der Handpopp hir Eegenschaften a Leidenschaften net esou festgeluecht a begrenzt sinn, wéi bei engem Erwuessenen. Poppe kënnen sech relativ flexibel der Situatioun an dem Kontext upassen. 

Eng Popp ka Brochstécker vun enger eegener Geschicht hunn. Am Echange mat de Kanner kommen awer no an no ëmmer nei Elementer dobäi, anerer réckelen an den Hannergrond. Méi wichteg bleiwen d’Spill an den Dialog an der Interaktioun mam Moment.

Am Kader vum Programm kann z.B. e kuerze Réckbléck, eng lëschteg Situatioun, e Wuertspill, eng Schwieregkeet, déi d'Handpopp selwer begéint a kommentéiert, Ausgangspunkt vun engem neien Dialog sinn. Mat ville Froen un d’Kanner an och mol abstrusen Iwwerleeungen zum Thema, hëlleft d‘Sila beim Nodenken.  

Wou wunnt d’Sila, wann et net am Asaz ass? An enger Këscht, enger klenger Wallis? Wéi ass dem Sila seng Stëmm? Wéi reagéiert d’Sila op kritesch Situatiounen? Dat e puer Froen, déi Plaz am Olaf Möller sengem Buch fannen, an déi hëllefen d’Spill mam Sila ze gestalten.

Mat engem grousse Merci un d'Antoinette Beffort fir de Buch-Tipp: 

Möller, O. (2006). Große Handpuppen ins Spiel bringen. Technik, Tipps und Tricks für den kreativen Einsatz in Kindergarten, Schule, Familie und Therapie. Aachen: Ökotopia Verlag

 

 

Organisatioun

Kënnen d‘Aktivitéite mat all de Kanner aus der Klass gemaach ginn oder just mat de Kanner aus dem C1.2 ?

Oft kréien ech flott Réckmeldunge vun Enseignanten, déi d‘Aktivitéite mat all de Kanner aus dem C 1.1 an dem C 1.2 zesumme maachen. D‘Kanner aus dem C 1.1 hunn esou en éischte Kontakt mat den Aktivitéiten. Dës kënnen dann am Laf vum C1.2 weider verdéift ginn. Bei den Aktivitéiten zum Ulaut, Laut a Buschtaf, gi jo am Heft 5 och just Verdéiwungsaktivitéite fir d‘Kanner aus dem C 1.2 proposéiert.

Et gëtt awer och Klassen, déi sech z.B. léiwer zu zwou Klassen zesummendinn, fir da just mat de Kanner aus dem Cycle 1.2 d‘Aktivitéiten duerchzeféieren.  Et hänkt sécher och vun de Kanner aus der Klass of, wéi eng Organisatiounsform méi interessant ass.

Dofir fannt Dir um Intercalaire 1 (virum Heft 1) an um Intercalaire 2 (virum Heft 4) am Programm-Classeur just eng flexibel Richtlinn proposéiert. Bei dëser ass virgesinn, dass all d‘Kanner vum C1.1 an C1.2 d‘Aktivitéiten aus dem Heft 1, 2, 3, 4 zesumme maachen. D’Verdéiwungsaktivitéiten zum Ulaut, Laut a Buschtaf aus dem Heft 5 si besonnesch fir déi Kanner, déi dat kommend Schouljoer an de Cycle 2 weiderginn. Dëst fir dass d‘Kanner net ze vill laang an der einfacher Uwennung vun der Laut-Buschtaf-Korrespondenz verbleiwen (alphabetesch Strategie), mee weider op hirem Wee an d ‘Schrëft (och an déi orthographesch Strategie) begleet ginn.

Fir de positiven Afloss op d’Liesen- a Schreiweléiere fir all d‘Kanner, ass et ganz wichteg, d’Aktivitéiten zum Ulaut, Laut a Buschtaf mat de Kanner aus dem Cycle 1.2 ze verdéiwen.

Ass fir all Dag eng Aktivitéit virgesinn?

Wéi déi verschidden Aktivitéite kënnen noeneen duerchgefouert ginn, fannt Dir op dem Intercalaire 1 (virum Heft 1) an dem Intercalaire 2 (virum Heft 4) am Programm-Classeur. Proposéiert gëtt eng Zäitorganisatioun, déi am Ufank vum 2. Trimester ugeet, an déi fir all Dag zwou kleng Aktivitéite vu ronn 15-20 Minutten virgesäit. Esou bleiwe ronn 20 Deeg dertëscht, wou keng Aktivitéite vum Programm virgesi sinn, a wou Dir kënnt flexibel gestalten (z.B. mam Grupp-Klass oder mat engem klenge Grupp verdéiwen).

Vill Klasse fänken awer schonns mat den Aktivitéiten no der November-Vakanz un, an d‘Flexibilitéit an der Zäitorganisatioun gëtt méi grouss

Ass d’Sila-Material och fir den Asaz an der Education Précoce ?
Well d'Sila-Material op de fléissenden Iwwergang zum Liesen- a Schreiweléieren am Cycle 2 virbereet, ass dëst Material fir den Asaz am Cycle 1.1 an 1.2 ausgeschafft ginn. Am Précoce kënnen d'Lauschterspiller an d'Beweegung op de Rhythmus vun der Sprooch (als Virbereedung fir d'Silbe-Bewosstheet) schonns flott a méi geziilt agesat ginn. Fir dës Aktivitéite gëtt keen extra Zousazmaterial gebraucht.

Spilliddien zu de Lauschterspiller fann Dir am PDF-Fichier vum Sila-Classeur hei um Sila-Site https://sila.script.lu/lu#material am Heft 1 (Lauschterspiller) oder um Internet-Site an der kuerzer Filmsequenz ënnert dem gréngen Onglet (FILM: Lauschterspiller ënnert https://sila.script.lu/lu#Filmsequenzen

Wéi kann ech de Programm der Sprooch / de Sprooche vun de Kanner an der Klass upassen?

Ee Virdeel vum Sila-Programm läit a senger grousser Flexibilitéit beim Choix vum Wuertmaterial. Esou kann de Programm einfach mat lafende Sprooch-, Buch- oder Klassenaktivitéite kombinéiert ginn. Bei den Aktivitéiten zu der phonologescher Bewosstheet kann esou op Wierder zréckgegraff ginn, déi d‘Kanner schonns bei de lafende Klassenaktivitéiten am sënnvolle Kontext kennegeléiert hunn.

Weider kann och fir di verschidden Aktivitéiten op dem Kand seng Éischtsprooch zréckgegraff ginn, fir esou lues a lues iwwer d‘Bedeitung vum geschwate Wuert eraus an d ‘Wuert eran ze lauschteren, an d’phonologesch Bewosstheet z'entwéckelen. Esou besteet d‘Méiglechkeet fir d‘Kand, sech, seng Sprooch a säin Alldag mat afléissen ze loossen.

De Choix vun de Wierder fir déi kleng Spillkaarten ass esou gesat, dass di gewielte Wierder op Lëtzebuergesch an op Däitsch ganz änlech oder identesch sinn (z. B. Kand – Kind; Tafel-Tafel). Fir den Iwwergang vum Lëtzebuergeschen an d’Däitscht esou fléissend wéi méiglech ze gestalten, erlaben déi gewielte Wierder esouwuel e Spill op Lëtzebuergesch am Cycle 1 ewéi och op Däitsch am Cycle 2.      

Och wann d‘Spill mam Rhythmus vun der Sprooch, mam Wuert a mat de Lauter am Mëttelpunkt steet, bleift et wichteg, ze soen, dass de Sila-Programm kee Sproocheprogramm ass, mee eng geziilte Virbereedung op de Schrëftsproocherwerb. Wéi beschriwwe, kann de Sila-Programm mat senger Flexibilitéit am Choix vun de Wierder awer einfach och mat all Sproochaktivitéit kombinéiert ginn. Esou dréit de Sila-Programm och zousätzlech zu der Verdéiwung vu schonns Begéintem a Geléiertem bäi.

 

Wéi kann ech de Sila-Programm kuerz an engem Elterebréif erklären ?

Hei e puer Textelementer, déi eventuell bei der Zesummestellung vun engem Elterebréif kënnen hëllefräich sinn. 

( Mir freeën eis iwwert all Iwwersetzung an eng weider Sprooch, déi Dir eis iwwert de Kontakt-Formular hei ënnen op dëser Internetsäit zoumailt!)

 

'Phonologesch Bewosstheet mam Sila' - De Film 

 

https://sila.script.lu/lu.

 

Am Laf vum Cycle 1 ass de Programm ,Phonologesch Bewosstheet mam Sila‘ e wichtege Bausteen, fir op d’Liesen- a Schreiweléiere virzebereeden. Wichteg Elementer vum Programm sinn d’Lauschterspiller, d‘Reimspiller, d’Silbespiller, esou wéi d'Ulaut- an d’Lautspiller.

Den Zougang zu der Schrëftsprooch gëtt mat der Sich no der Schrëft am Alldag virbereet. Sechs Laut-Buschtaf-Korrespondenze gi mat alle Sënner entdeckt.

D’Sila ass di sympathesch Sprooch-Roboter-Handpopp. Mat hire fënnef ‚Roboter-Sprooche‘ féiert si spilleresch duerch de Programm. Méi heizou am Sila-Film ënnert https://sila.script.lu/lu.

 

Im Laufe des Cycle 1 ist das Programm ‚Phonologesch Bewosstheet mam Sila‘ ein wichtiger Baustein in der Vorbereitung auf das Lesen- und Schreibenlernen. Wichtige Elemente des Programmes sind die Hörspiele, die Reimspiele, die Silbenspiele sowie die Anlaut- und Lautspiele.

Der Zugang zur Schrift wird mit der Suche nach Schrift im Alltag vorbereitet. Sechs Laut-Buchstaben-Korrespondenzen werden mit allen Sinnen entdeckt.

Sila ist die sympathische Sprach-Roboter-Handpuppe. Mit ihren fünf ‚Roboter-Sprachen‘ führt sie spielerisch durch das Programm. Mehr dazu im Sila-Film unter https://sila.script.lu/lu.

 

Au cours du cycle 1, le programme ‘Phonologesch Bewosstheet mam Sila‘ constitue un élément important dans la préparation à l’apprentissage du langage écrit. Au fil des activités, le jeu avec la rime, la syllabe et les sons introduit la découverte de six correspondances lettres-sons.

L’ouverture au langage écrit est initiée par la recherche de productions écrites dans la vie quotidienne et l’exploration multisensorielle de six correspondances lettre-son.

Sila est le robot-peluche sympa. Avec ses cinq 'robot-langues', il guide de manière ludique à travers le programme. Pour plus d’informations - laissez-vous surprendre par la séquence de filme à la page internet https://sila.script.lu/lu.

 

,Phonologesch Bewosstheet mam Sila’ is a preliteracy programme developed for Cycle 1 classes. Listening games as well as rhyming, syllable and sound games are key elements of this programme.

Exploration of written language is promoted through the discovery of written language productions in everyday life and through the multisensory contact with six letter-sound relationships.

Sila, the cute robot hand puppet, speaks five ‘robot languages’ and leads through the programme. For further information – watch the Sila video on https://sila.script.lu/lu

 Ginn all Dag 15 Minutten duer, fir di proposéiert Aktivitéiten an der Klass duerchzeféieren?

Wéi bei esou ville Léierobjektiver gëllt och bei den Aktivitéiten zu der phonologescher Bewosstheet: Besser méi oft e bëssen, wéi heiansdo ganz vill.

Fir d’Ëmsetzung an der Klass gi fir all Dag zwou Aktivitéite fir ronn 15 Minutten proposéiert. Di éischt Aktivitéit ass eng nei Aktivitéit, di zweet Aktivitéit ass eng kuerz Widderhuelung vun der Aktivitéit vum Dag virdrun. Wa gekierzt sollt ginn, dann am Beschten um Niveau vun der Widderhuelungsaktivitéit.

D’Erfarung weist, dass am Ufank vun der Ëmsetzung vum Programm e bësse méi Zäit gebraucht gëtt fir d’Duerchféierung vun den Aktivitéiten. Am zweete Joer vun der Ëmsetzung kennen d’Kanner aus dem Cycle 1.2. d’Aktivitéite scho vum Joer virdrun, an d’Kanner aus dem Cycle 1.1. wuesse mat hinnen méi einfach an d’Aktivitéiten eran. Weider léiert ee selwer iwwert d’Joren d’Aktivitéite besser kenne, den Oflaf automatiséiert sech, an di eng oder aner Aktivitéit ka flexibel an aner lafend Klassenaktivitéite mat agebonne ginn. 

Fir eng Flexibilitéit vu ronn 20 Deeg an der Zäitorganisatioun ze halen, gëtt geroden, fir Ufank Januar mat den Aktivitéite vum Programm unzefänken.

An enger ganzer Rei Klasse gëtt schonns no der Novembervakanz ugefaang, fir esou mat deene 6 zousätzleche Wochen weider u Flexibilitéit an der Organisatioun vun den Aktivitéiten ze gewannen.  

 Wéi eng Méiglechkeete gëtt et, fir d’Verdéiwungsaktivitéiten, déi an der Reegel fir d’Kanner ab dem Cycle 1.2. virgesi sinn, an d’Klassenorganisatioun afléissen ze loossen?

Ab dem Heft 4 gëtt fir all Dag eng Verdéiwungsaktivitéit proposéiert. Well dës Aktivitéiten de fléissenden Iwwergang an de Cycle 2 virbereeden, ginn dës an der Reegel fir d’Kanner ab dem Cycle 1.2. recommandéiert.  Vun der Klassenorganisatioun hier kënnen dës Verdéiwungsaktivitéite fir d’Kanner vum C1.2 zum Beispill am geleete Fräispill ëmgesat ginn. Eng aner Méiglechkeet ass de Moment vun der Aarbecht an Atelieren. Eng zousätzlech Méiglechkeet besteet doran, dass d’Kanner aus dem C1.2 aus zwou Klassen all zesummen an ee Klasseraum ginn (z.B. am Fräispill) an all d’Kanner aus dem C1.1 wärend där selwechter Zäit am anere Klasseraum zesumme spillen oder Aktivitéite maachen.

 

Kontakt

Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT)